Melickshaffu
| Melickshaff | |
|---|---|
| An anere Sproochen |
fr: Melickshof de: Melickshof |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Iechternach |
| Gemeng |
|
| Buergermeeschter | Yves Wengler CSV |
| Koordinaten |
49° 48’ 23’’ N 06° 23’ 32’’ O |
De Melickshaff ass e Lieu-dit an der Gemeng Iechternach. D'Plaz huet hiren Numm vum Haff mam selwechten Numm.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
Den Haff gouf 1766 eng éischt Kéier ernimmt, woubäi et houscht, e wier al a baufälleg.[1] E misst deemno schonn e Strapp virdrun existéiert gehat hunn.[2] Op der Ferraris-Kaart ass en als Melingh agedroen.
Den Haff ass U-fërmeg gebaut, déi fréier viischt Fass (haut op der Gaardesäit) huet e Schlussstee mat engem Chronogramm, déi seet, datt et den Abt Matthias Hartz war, deen dës Aarbechten am Joer 1724 maache gelooss huet.[2][3]
SVB MATTHIA ABBATE
EPTERNACENSI FVNDITVS
ERECTA FVI
En huet, soulaang et dat gouf, zum Klouschter Iechternach gehéiert.
Duerno war et weider e Bauerenhaff. De rietse Säitefligel vum Gebai, deen am Zweete Weltkrich staark gelidden hat, gouf 1964/1965 ofgerappt an aus Käschtegrënn duerch e modernen, flaachen Ubau ersat.[3] Dëst gouf 1989 réckgängeg gemaach; den Ubau gouf ewechgemaach, de Fligel erëm opgebaut an domat d'Symmetrie vum Haff nees hiergestallt.[4]
De Melickshaff gouf an den 1980er an 1990er Jore bekannt, well do d'Adepte vun der Engel Albert-Sekt zesummekoumen.
De 7. September 1987 gouf d'Gebai vum ale Melickshaff op den Inventaire supplémentaire vun der Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.[5]
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.358-359.
- ↑ 2,0 2,1 Michel Schmitt: Die Bautätigkeit der Abtei Echternach im 18. Jahrhundert (1728-1793). Ein Beitrag zur Geschichte des luxemburgischen Bauwesens im Barockzeitalter. Diss Freiburg (CH) 1968; Luxembourg: Publications du Ministère des Arts et des Sciences 1970, S.187.
- ↑ 3,0 3,1 Plädoyer für den Melingshof. Luxemburger Wort 1976 (17. November), S. 13. — An der Iwwersetzung seet de Chronogramm: Ënner dem Abt Matthias aus Iechternach gouf ech vu Grond op nei erriicht.
- ↑ Georges Calteux: Das Luxemburger Bauernhaus. Bd 1, Luxemburg 1997, S.151.
- ↑ Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 19. Juni 2019).