1. November
- 1570: Allerhellgenhéichwaasser un der Nordmierküst vun den Nidderlanden a vun Däitschland; ronn 20.000 Doudeger.
- 1755: Lissabon gëtt duerch en Äerbiewen an en Tsunami duerno zu zwee Drëttel zerstéiert. Ongeféier 60.000 Mënsche kommen dobäi ëm d'Liewen.
- 1842: Gebuert vum lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker Léon Metz.
- 1880: Den däitsche Meteorolog a Geophysiker Alfred Wegener gëtt gebuer.
- 1885: De lëtzebuergesche Politiker Pierre Dupong kënnt op d'Welt.
- 1894: Den Nikolai II. gëtt nom Doud vu sengem Papp Alexander III. Zar vu Russland.
- 1956: Ungarn erkläert seng Neutralitéit an den Austrëtt aus dem Warschauer Pakt. Doropshi fänke sowjetesch Truppen un, den Ungaresche Volleksopstand nidderzeschloen.
- 1993: Den Traité vu Maastricht trëtt a Kraaft; d'Europäesch Unioun gëtt gegrënnt.
|
2. November
- 1721: De Péiter de Groussen gëtt zu Sankt Péitersbuerg zum Zar ausgeruff.
- 1755: Gebuert vun der Marie-Antoinette vun Éisträich, Kinnigin vu Frankräich.
- 1789: A Frankräich gëtt de Kierchebesëtz verstaatlecht (Säkularisatioun).
- 1803: De lëtzebuergesche Botaniker François Auguste Tinant kënnt op d'Welt.
- 1882: De lëtzebuergesche Literaturkritiker a Schrëftsteller Mathias Esch gëtt gebuer.
- 1906: Gebuert vum italiéinesche Regisseur Luchino Visconti.
- 1975: Um Fluchhafe Lëtzebuerg um Findel gëtt eng nei Aérogare ageweit.
- 1976: Den Jimmy Carter gewënnt d'US-Presidentewale géint de President a Republikaner Gerald Ford.
|
3. November
- 1882: Gebuert vum lëtzebuergesche Journalist a Schrëftsteller Frantz Clément.
- 1900: De lëtzebuergeschen Orchesterchef Henri Pensis gëtt gebuer.
- 1901: De franséische Schrëftsteller André Malraux an de belsche Kinnek Leopold III. kommen op d'Welt.
- 1903: Panama gëtt vu Kolumbien onofhängeg.
- 1913: Gebuert vun der däitsch-ungarescher Dänzerin a Schauspillerin Marika Rökk.
- 1918: D'Donaumonarchie gëtt opgeléist.
- 1970: De Salvador Allende gëtt als President vum Chile vereedegt.
- 1992: Den Demokrat Bill Clinton gewënnt d'Presidentschaftswalen an den USA.
|
4. November
- 1899: Gebuert vum lëtzebuergesche Vëlossportler an zweefachen Tour-de-France-Gewënner Nicolas Frantz.
- 1922: Egypten: Den Howard Carter fënnt am Dall vun de Kinneke bei Luxor dat bis dohin onbekannt Graf vum Pharao Tutanchamun.
- 1950: Zu Roum gëtt d'Europäesch Mënscherechtskonventioun ënnerschriwwen.
- 1963: De Vizepresident vun den USA, de Lyndon B. Johnson, ass zu Lëtzebuerg op Staatsbesuch.
- 1979: Iranesch Studente besetzen d'amerikanesch Ambassad zu Teheran a fuerderen d'Ausliwwerung vum Schah Rezah Pahlevi deen an d'USA geflücht war. D'Besetzung dauert bis den 20. Januar 1981.
- 1982: Doud vum franséische Filmregisseur a -schauspiller Jacques Tati.
- 1995: Den israelesche Premier Itzchak Rabbin vun engem jiddeschen Extremist ëmbruecht.
- 2008: De Barack Obama gewënnt d'US-Presidentschaftswalen.
|
5. November
- 1884: Um Stater Knuedler gëtt d'Monument vum Kinnek-Groussherzog Wëllem II. ageweit.
- 1913: Gebuert vun der englescher Schauspillerin Vivien Leigh.
- 1931: Den US-amerikanesche Museker a Lidderkomponist Ike Turner kënnt op d'Welt.
- 1937: Lëtzebuerg: D'Regierung Dupong-Krier gëtt vereedegt.
- 1938: De franséische Sänger Joe Dassin gëtt gebuer.
- 1940: Gebuert vun der däitscher Schauspillerin, Schlagersängerin a Molerin Elke Sommer.
- 1940: De Franklin D. Roosevelt gëtt fir déi drëtt Kéier President vun de USA.
|
6. November
- 1814: Gebuert vum belsche Museksinstrumentebauer Adolphe Sax, dem Erfinder vum Saxophon.
- 1878: De lëtzebuergesche Politiker Hubert Loutsch gëtt gebuer.
- 1880: Den éisträichesche Schrëftsteller Robert Musil kënnt op d'Welt.
- 1880: De franséischen Dokter Alphonse Laveran entdeckt de Malaria-Virus.
- 1886: Gebuert vum lëtzebuergesch-franséischen Archeolog Joseph Hackin.
- 1915: D'Regierung Loutsch gëtt zu Lëtzebuerg vereedegt.
- 1921: Déi lëtzebuergesch Politikerin a Resistenzlerin Yvonne Useldinger kënnt op d'Welt.
- 2002: De Fluch 9642 vun der Luxair verongléckt bei Nidderaanwen, 20 Leit kommen ëm d'Liewen, dorënner och de Moler Michel Majerus.
|
7. November
- 0739: Doud vum Willibrord, Missionär vun de Frisen.
- 1659: Den Traité vun de Pyrenäen gëtt tëscht Frankräich a Spuenien ënnerschriwwen.
- 1867: Déi franséisch-polnesch Chemikerin a Physikerin an Nobelpräisdréierin Marie Curie (Maria Skłodowska) gëtt gebuer.
- 1879: De russesche Revolutionär Leo Trotzki kënnt op d'Welt.
- 1903: Gebuert vum éisträichesche Verhalensfuerscher an Nobelpräisdréier Konrad Lorenz.
- 1913: De franséische Schrëftsteller a Philosoph Albert Camus gëtt gebuer.
- 1917: Ufank vun der Oktoberrevolutioun a Russland.
- 1980: Doud vum US-amerikanesche Filmschauspiller Steve McQueen.
|
8. November
- 1656: Gebuert vum englesche Mathematiker an Astronom Edmond Halley.
- 1847: De britesche Schrëftsteller Bram Stoker gëtt gebuer.
- 1890: Doud vum franséische Komponist César Franck.
- 1895: De Wilhelm Conrad Röntgen entdeckt d'Röntgestralen.
- 1935: De franséische Filmschauspiller Alain Delon kënnt op d'Welt.
- 1960: Den John F. Kennedy gewënnt d'US-amerikanesch Presidentschaftwale géint de Richard M. Nixon.
- 1988: Den George H. W. Bush gewënnt d'US-amerikanesch Presidentschaftwalen.
- 1998: De franséische Schauspiller Jean Marais stierft.
|
9. November
- 1799: Coup d'État vum 18. an 19. Brumaire: De Napoleon setzt a Frankräich dem Regime vum Directoire en Enn .
- 1888: Gebuert vum franséische Politiker Jean Monnet.
- 1907: De lëtzebuergesche Politiker a Schrëftsteller Pierre Grégoire gëtt gebuer.
- 1913: Déi éisträichesch-US-amerikanesch Schauspillerin an Erfinderin Hedy Lamarr kënnt op d'Welt.
- 1918: Däitschland: De Keeser Wilhelm II. trëtt zréck; d'Weimarer Republik gëtt ausgeruff.
- 1938: Däitschland: "Reichskristallnacht": Dausende Synagogen a jiddesch Geschäfter ginn zerstéiert, eng 400 Leit kommen dobäi ëm.
- 1970: Doud vum franséische Generol a Staatspresident Charles de Gaulle.
- 1989: D' DDR mécht d'Grenzen zu Westdäitschland op. Honnertdausende vu Leit kënne fir d'éischt Kéier no 28 Joer an de Westen.
|
10. November
- 1433: Gebuert vum Karel dem Kéngen, Herzog vun der Bourgogne a vu Lëtzebuerg.
- 1483: Den däitsche Reformateur Martin Luther kënnt op d'Welt.
- 1759: Den däitsche Schrëftsteller Friedrich Schiller gëtt gebuer.
- 1862: Gebuert vum lëtzebuergeschen Industriellen Émile Mayrisch.
- 1891: Doud vum franséischen Dichter Arthur Rimbaud.
- 1925: De britesche Schauspiller Richard Burton kënnt op d'Welt.
- 1928: Den italienesche Filmmusek-Komponist Ennio Morricone gëtt gebuer.
- 1982: Doud vum Generalsekretär vun der KP vun der Sowjetunioun Leonid Iljitsch Breschnew.
|
11. November
- 1821: Gebuert vum russeschen Dichter Fjodor Michailowitsch Dostojewski.
- 1885: Den US-amerikanesche Generol George S. Patton gëtt gebuer.
- 1895: De lëtzebuergesche Sänger an Dirigent Venant Paucké kënnt op d'Welt.
- 1917: De lëtzebuergesche Schauspiller a Sänger Marcel Jander gëtt gebuer.
- 1918: Zu Compiègne gëtt de Waffestëllstand tëscht dem Däitsche Räich an den Alliéierten ënnerschriwwen; Enn vum Éischte Weltkrich.
- 1918: Proklamatioun vun der Onofhängegkeet vu Polen.
- 1975: Angola gëtt vu Portugal onofhängeg.
- 1981: Den Ierfgroussherzog Guillaume vu Lëtzebuerg kënnt op d'Welt.
|
12. November
- 1840: Gebuert vum franséische Sculpteur Auguste Rodin.
- 1866: De chinesesche Politiker Sun Yat-sen kënnt op d'Welt.
- 1903: De franséische Moler Camille Pissarro stierft.
- 1921: Doud vum belsche Moler a Graphiker Fernand Khnopff.
- 1923: Den däitschen Humorist, Zeechner, Schauspiller a Regisseur Vicco von Bülow (Loriot) gëtt gebuer.
- 1929: Gebuert vun der US-amerikanescher Schauspillerin a monegassescher Prinzessin Grace Kelly (Gracia Patricia vu Monaco).
- 1964: D'Grande-Duchesse Charlotte vu Lëtzebuerg dankt of, hire Jong Jean gëtt Groussherzog.
- 1970: En Hurrikan mat Wandvitesseë vun bis zu 230 km/h a meterhéige Wellen trëfft Bangladesch (deemools Ostpakistan): 300.000 Doudeger.
|
13. November
- 1850: Gebuert vum schottesche Schrëftsteller Robert Louis Stevenson.
- 1868: Doud vum italienesche Komponist Gioacchino Rossini.
- 1890: De lëtzebuergesche Museker a Komponist Emile Boeres gëtt gebuer.
- 1938: Déi US-amerikanesch Schauspillerin Jean Seberg kënnt op d'Welt.
- 1940: Zu Montréal a Kanada forméiert d'Groussherzogin Charlotte vu Lëtzebuerg eng Exilregierung.
- 1956: Den Ieweschte Geriichtshaff vun den USA erkläert datt Gesetzer, mat deenen eng Rassentrennung an ëffentlechen Transportmëttele dekretéiert gouf, géint d'Verfassung verstoussen.
- 1977: De lëtzebuergesche Schrëftsteller Jean-Pierre Erpelding stierft.
- 2002: Virun der galicescher Küst havaréiert den Uelegtanker Prestige; de Pëtrol, deen duerno ausleeft, verknascht grouss Deeler vun der spuenescher Atlantikküst.
|
14. November
- 1840: Gebuert vum franséische Moler Claude Monet.
- 1874: De lëtzebuergesche Museker Max Menager kënnt op d'Welt.
- 1889: Den indesche Premierminister Jawaharlal Nehru gëtt gebuer.
- 1906: Gebuert vun der US-amerikanescher Schauspillerin Louise Brooks.
- 1907: Déi schwedesch Kannerbuchauteurin Astrid Lindgren kënnt op d'Welt.
- 1919: Déi US-amerikanessch Schauspillerin Veronica Lake gëtt gebuer.
- 1945: Ufank vun den Nürnberger Prozesser.
- 1948: Gebuert vum Prënz Charles vu Wales.
|
15. November
- 1738: Gebuert vum däitsch-briteschen Astronom a Museker Wilhelm Herschel.
- 1862: Den däitsche Schrëftsteller Gerhart Hauptmann gëtt gebuer.
- 1882: De Kinnek Manuel II. vu Portugal kënnt op d'Welt.
- 1923: Mam Aféiere vun der Rentenmark an Däitschland kënnt do d'Inflatioun op en Enn.
- 1932: Gebuert vun der englescher Popsängerin a Schauspillerin Petula Clark.
- 1936: Den däitsche Liddermécher Wolf Biermann gëtt gebuer.
- 1949: Doud vum lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker Marcel Cahen.
- 1978: Den Avortement kritt zu Lëtzebuerg e gesetzleche Kader.
|
16. November
- 42 v. Chr.: Gebuert vum zweete réimesche Keeser Tiberius.
- 1717: De franséische Mathematiker an Enzyklopedist Jean Baptiste le Rond d'Alembert kënnt op d'Welt.
- 1894: Den éisträichesche Politiker Richard Nikolaus Coudenhove-Kalergi gëtt gebuer.
- 1895: Gebuert vum däitsche Komponist a Museker Paul Hindemith.
- 1908: Déi belsch Uerdensfra an Autorin Marie-Madeleine Cinquin (Soeur Emmanuelle) kënnt op d'Welt.
- 1922: De portugisesche Schrëftsteller a Literatur-Nobelpräisdréier José Saramago gëtt gebuer.
- 1960: Doud vum US-amerikanesche Schauspiller Clark Gable.
|
17. November
- 0009: Gebuert vum réimesche Keeser Vespasian.
- 1755: De Louis XVIII., Kinnek vu Frankräich, gëtt gebuer.
- 1890: De lëtzebuergeschen Theaterauteur an Editeur Hary Trauffler kënnt op d'Welt.
- 1901: Gebuert vum däitsche Politiker an 1. President vun der Europäescher Kommission, Walter Hallstein.
- 1905: Nom Doud vu sengem Papp Adolphe gëtt de Wëllem IV. Groussherzog vu Lëtzebuerg.
- 1920: De lëtzebuergesche Sänger, Radios- an Tëleesanimatuer, Schlagertextschreiwer a Schauspiller Camille Felgen gëtt gebuer.
- 1942: Den US-amerikanesche Regisseur Martin Scorsese kënnt op d'Welt.
- 1966: Gebuert vun der franséischer Schauspillerin Sophie Marceau.
|
18. November
- 1626: De Péitersdoum zu Roum gëtt vum Poopst Urban VIII. ageweit.
- 1787: De franséische Kënschtler, Pionéier vun der Fotografie Louis Daguerre kënnt op d'Welt.
- 1906: Gebuert vum däitsch-amerikanesche Schrëftsteller Klaus Mann.
- 1911: De lëtzebuergesche Moler Joseph Probst gëtt gebuer.
- 1917: Doud vum franséische Sculpteur Auguste Rodin.
- 1922: De franséische Schrëftsteller Marcel Proust stierft.
- 1927: De lëtzebuergesche Moler Ben Heyart kënnt op d'Welt.
- 1978: A Guyana bréngen iwwer 900 Membere vun der "Vollekstempler-Sekt" sech selwer ëm.
|
19. November
- 1600: Gebuert vum Charles I., Kinnek vun England, Schottland, Irland an, dem Titel no, Frankräich.
- 1828: Doud vum éisträichesche Komponist Franz Schubert.
- 1850: De lëtzebuergesche Pedagog Mathias Adam gëtt gebuer.
- 1870: De lëtzebuergesche Politiker, Affekot a Journalist Robert Brasseur kënnt op d'Welt.
- 1900: Gebuert vun der däitscher Schrëftstellerin Anna Seghers.
- 1917: Déi indesch Politikerin Indira Gandhi gëtt gebuer.
- 1923: De lëtzebuergeschen Historiker an Editeur Paul Margue kënnt op d'Welt.
- 1962: Gebuert vun der US-amerikanescher Schauspillerin Jodie Foster.
|
20. November
- 1785: Gebuert vum lëtzebuergeschen Entreprener, Editeur a Politiker Jacques Lamort.
- 1809: De lëtzebuergeschen Architekt Jean-François Eydt gëtt gebuer.
- 1858: Déi schwedesch Schrëftstellerin an Nobelpräisdréiesch Selma Lagerlöf kënnt op d'Welt.
- 1889: Gebuert vum US-amerikaneschen Astronom Edwin Hubble.
- 1907: De franséische Filmregisseur Henri-Georges Clouzot gëtt gebuer.
- 1923: Déi südafrikanesch Schrëftstellerin an Nobelpräisdréiesch Nadine Gordimer kënnt op d'Welt.
- 1924: Gebuert vum franséisch-US-amerikanesche Mathematiker Benoît Mandelbrot.
- 1994: Déi angolanesch Regierung an d'Rebellenorganisation UNITA ënnerschreiwen e Friddensvertrag, de Protokoll vu Lusaka.
|
21. November
- 1694: Gebuert vum franséische Schrëftsteller a Philosoph Voltaire (François-Marie Arouet).
- 1811: Doud vum däitschen Dichter a Schrëftsteller Heinrich von Kleist.
- 1898: De belsche Moler René Magritte kënnt op d'Welt.
- 1918: Eng 20.000 amerikanesch Besatzungszaldote kommen op Lëtzebuerg.
- 1924: De lëtzebuergesche Politiker Camille Polfer gëtt gebuer.
- 1965: Gebuert vun der islännescher Musekerin Björk.
- 1980: De Gaston Thorn gëtt zum President vun der Europäescher Kommissioun ernannt.
- 1995: D'Friddensofkommes vun Dayton mécht dem Biergerkrich a Bosnien an Herzegowina en Enn.
|
22. November
- 1869: Gebuert vum franséische Schrëftsteller André Gide.
- 1890: De franséische Generol a Staatspresident Charles de Gaulle gëtt gebuer.
- 1901: De spuenesche Komponist Joaquín Rodrigo kënnt op d'Welt.
- 1913: Gebuert vum englesche Komponist, Dirigent a Pianist Benjamin Britten.
- 1940: Den US-amerikanesche Regisseur an Animateur Terry Gilliam kënnt op d'Welt.
- 1963: Den amerikanesche President John F. Kennedy gëtt zu Dallas op oppener Strooss erschoss.
- 1975: De Juan Carlos I. gëtt Kinnek vu Spuenien.
- 2005: D'Angela Merkel gëtt vum däitsche Bundestag zur Bundeskanzlerin gewielt.
|
23. November
- 0912: Gebuert vum Otto I., ostfränkesche Kinnek an éischte Keeser vum Hellege Réimesche Räich.
- 1862: De belsche Moler Théo Van Rysselberghe gëtt gebuer.
- 1876: De spuenesche Komponist Manuel de Falla kënnt op d'Welt.
- 1887: Gebuert vum englesche Schauspiller Boris Karloff.
- 1888: Den US-amerikanesche Komiker a Schauspiller Harpo Marx gëtt gebuer.
- 1912: De lëtzebuergesche Geeschtlechen, Bëschof an Äerzbëschof Jean Hengen kënnt op d'Welt.
- 1945: D'Regierung vun der Befreiung gëtt zu Lëtzebuerg vereedegt.
- 1980: Bei engem Äerdbiewen a Kampanien kommen 3.114 Leit ëm d'Liewen.
- 2003: Doud vum lëtzebuergesche Politiker Johny Lahure.
|
24. November
- 1632: Gebuert vum hollännesche Philosoph Baruch Spinoza.
- 1826: Den italienesche Schrëftsteller Carlo Collodi gëtt gebuer.
- 1859: Den Charles Darwin publizéiert mat sengem Wierk The Origin of Species seng Evolutiounstheorie.
- 1864: De franséische Moler Henri de Toulouse-Lautrec kënnt op d'Welt.
- 1877: Gebuert vun der lëtzebuergescher Komponistin Helen Buchholtz.
- 1880: Den Abd al-Aziz ibn Saud, Grënner vum Kinnekräich Saudi-Arabien, kënnt op d'Welt.
- 1889: De lëtzebuergesch-amerikanesche Fuerscher an Erfinder William J. Kroll gëtt gebuer.
- 1916: Doud vun der Adélaïde-Marie, Fra vum Groussherzog Adolphe.
|
25. November
- 1640: Gebuert vum spueneschen Offizéier an Adelegen Juan Domingo de Zuñiga y Fonseca, Grof vu Monterrey.
- 1562: De spueneschen Dichter Lope de Vega kënnt op d'Welt.
- 1722: De lëtzebuergesche Botaniker Henri-Jean-Népomucène Crantz gëtt gebuer.
- 1855: D'Chamber stëmmt e Gesetz iwwer den Opbau vun engem Eisebunnsreseau zu Lëtzebuerg.
- 1860: Gebuert vum lëtzebuergesche Journalist, Feuilletonist a Schrëftsteller Batty Weber.
- 1915: De chilenesche Generol an Diktator Augusto Pinochet gëtt gebuer.
- 1974: Doud vum Sithu U Thant, 3. UN-Generalsekretär.
- 1983: De fréiere Kinnek vun de Belsch Leopold III. stierft.
|
26. November
- 1346: De Karel IV. gëtt zu Bonn zum Kinnek gekréint.
- 1857: Gebuert vum Schwäizer Sproochwëssenschaftler Ferdinand de Saussure.
- 1866: Doud vum lëtzebuergesche Politiker Jean-Jacques Willmar.
- 1909: De rumänesch-franséischen Theaterschrëftsteller Eugène Ionesco gëtt gebuer.
- 1922: Den US-amerikanesche Comiczeechner Charles M. Schulz (Peanuts) kënnt op d'Welt.
- 1936: Japan an d'Däitscht Räich ënnerschreiwen zu Berlin den Antikomintern-Pakt. Domat steet d'Achs Berlin-Roum-Tokyo.
- 1939: Gebuert vun der US-amerikanescher Sängerin Tina Turner.
- 1965: Frankräich start déi éischt Diamant-Rakéit mat Erfolleg zu Hammaguir.
|
27. November
- 0511: Doud vum Chlodwig I., Kinnek vun de Franken.
- 1701: Gebuert vum schwedeschen Astronom Anders Celsius.
- 1852: Déi britesch Mathematikerin Ada Lovelace stierft.
- 1856: De Kinnek-Groussherzog Wëllem III. léist an engem Staatsstreech d'Lëtzebuerger Chamber op a verlaangt, datt déi liberal Verfassung vun 1848 radikal g'ännert soll ginn..
- 1921: Den tschechoslowakesche Politiker Alexander Dubček gëtt gebuer.
- 1929: De lëtzebuergesche Journalist an Auteur Paul Cerf kënnt op d'Welt.
- 1940: Gebuert vum chinesesch-US-amerikanesche Schauspiller Bruce Lee.
- 1942: Den US-amerikanesche Museker Jimi Hendrix gëtt gebuer.
|
28. November
- 1632: Gebuert vum italienesche Komponist Jean-Baptiste Lully.
- 1820: Den däitsche Philosph Friedrich Engels gëtt gebuer.
- 1857: De spuenesche Kinnek Alfonso XII. kënnt op d'Welt.
- 1881: Gebuert vum éisträichesche Schrëftsteller Stefan Zweig.
- 1885: Doud vum lëtzebuergesche Politiker, Entreprener an Industrie-Pionéier Norbert Metz.
- 1912: Albanien deklaréiert seng Onofhängegkeet vum Osmanesche Räich.
- 1943: Konferenz vun Teheran iwwer d'Neiuerdnung vun Europa nom Enn vum Zweete Weltkrich.
- 1960: Mauretanien gëtt vu Frankräich onofhängeg.
|
29. November
- 1378: Doud vum Karel IV., Kinnek vu Béimen (vun 1347 un) a Réimesch-däitsche Keeser (vun 1355 un)
- 1489: D' Margaret Tudor, Kinnigin vu Schottland, kënnt op d'Welt.
- 1780: Doud vun der Maria Theresia, Äerzherzogin vun Éisträich, Kinnigin vun Ungarn a Béimen, réimesch-däitsch Keeserin.
- 1803: Gebuert vum éisträichesche Physiker Christian Doppler.
- 1856: Den däitsche Politiker Theobald von Bethmann Hollweg kënnt op d'Welt.
- 1873: De lëtzebuergesche Jurist a Politiker Auguste Thorn gëtt gebuer.
- 1893: Gebuer vum lëtzebuergeschen Theaterauteur Max Goergen.
- 1986: Den US-amerikanesche Schauspiller Cary Grant stierft.
|
30. November
- 1789: Korsika gëtt en Deel vu Frankräich.
- 1667: Gebuert vum anglo-iresche Schrëftsteller Jonathan Swift.
- 1825: De franséische Moler William-Adolphe Bouguereau kënnt op d'Welt.
- 1835: Den US-amerikanesche Schrëftsteller Mark Twain gëtt gebuer.
- 1874: Gebuert vum britesche Politiker Winston Churchill.
- 1935: Doud vum portugiseschen Dichter Fernando Pessoa.
- 1939: Russesch Fligere bombardéieren déi finnesch Haaptstad Helsinki, Ufank vum Finnesch-Sowjetesche Wanterkrich.
- 1967: D'Republik Südjemen gëtt ausgeruff.
|